
Géint 1.45 Auer ass Policebeamten an der Rue de Strassen zu Bartreng en Auto wéinst dem Fuerstil opgefall. De Chauffer hat ze vill gedronk.
Géint 3 Auer gouf zu Esch en Automobilist kontrolléiert, deen alkoholiséiert Auto gefuer ass. Den Otemtest war positiv.
A béide Fäll gouf de Fürerschäi agezunn an et gouf e Protokoll.