Ëm 1,5 ProzentD'Pensioune solle vum 1. Januar u klammen

RTL Lëtzebuerg
RTL-Informatiounen no solle vum éischte Januar d'nächst Joer un d'Pensiounen ëm 1,5 Prozent an d'Luucht goen.
© RTL Archivbild

Doriwwer wäert de Sozialminister Romain Schneider en Donneschdeg de Moien déi zoustänneg Chamberkommissioun informéieren. D'Pensioune musse wéinst dem automatesche Mechanismus, dee spillt, ajustéiert ginn. De Käschtepunkt läit bei 75 Milliounen Euro.

De Romain Schneider war en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Back to Top
CIM LOGO