AMMDDokteren zéie positive Bilan, fuerderen awer méi Personal a besser Nomenclature

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg hätt d'Kris bis ewell zwar relativ gutt gemeeschtert, ma doduerch wieren awer och eng Partie Problemer, déi et virdru scho gouf, méi akut ginn.

Esou de Bilan vum Vizepresident vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD, Dokter Philippe Wilmes. Dozou géif virop den akute Manktem un Dokteren hei am Land gehéieren. D'AMMD hofft deemno, dass d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert bereet ass, dee Problem elo decidéiert unzegoen.

AMMD-Dokteren zéie positive Bilan / Reportage Maxime Gillen

Jee no Spezialisatioun hu verschidden Doktere wärend dem Confinement entweder kaum nach kënne schaffen oder si si bis un hir Grenze gaangen. Wärend e groussen Deel vun den Zänndokteren quasi am Chômage technique gewiescht wier, well et einfach ze geféierlech war, hätten eng Rei aner Spezialisten immens vill geschafft, esou den Dokter Wilmes.

„Pneumologen, also Longendokteren, Urgentisten, also Spezialisten, déi an den Urgencë sinn an Anästhesisten a Reanimateuren hu mir nëmmen eng ganz begrenzten Zuel. A wann déi musse ronderëm d'Auer schaffen, da gëtt et no enger gewëssener Zäit awer bemol schwiereg. Notamment wann d'Aarbechtsbedingunge sinn, wéi elo wärend dem Covid.“

De Manktem un Dokteren hei am Land wier iwwerdeems net nei, ma géif an esou Ausnamesituatioune just méi opfalen, woubäi de Problem och an normalen Zäiten zimmlech akut wier.

„Mir brauche ganz sécher méi Dokteren. Mir brauche méi Dokteren an der Primärversuergung, also méi Generalisten a mir brauchen an enger ganzer Rei Spezialitéiten och méi Leit.“

Och bei der Nomenclatur, also där offizieller Lëscht, wéi eng Leeschtungen hei am Land vun Doktere bruecht a vun der Gesondheetskeess deels rembourséiert ginn, ass en ale Problem duerch d'Kris an de Fokus gerëtscht. Dee Moment huet zum Beispill d'Teleconsultatioun musse mat an déi Lëscht opgeholl ginn. Genee wéi d'Aarbecht vun Dokteren, déi ausser der Rei geschafft hunn. Ma hei wier alt erëm net mat den Doktere geschwat ginn, bedauert den Dokter Wilmes.

„Duerno ass et awer drëm gaangen, wéi sollt eng Unerkennung vun der Aarbecht, déi d'Dokteren am Kader vun deene Lignes de gardes bezéiungsweis vun der Prise en charge vun deem ganze Covid stattfannen. An do ass net mat eis driwwer geschwat ginn. Do huet d'Politik, ouni mat engem doriwwer ze schwätzen, zwee Règlements grand-ducaux agefouert, déi eis dunn op de Kapp gefall sinn. An d'ailleurs och der CNS op de Kapp gefall sinn. Déi waren do och net mat am Coup."

Fir déi no Zukunft misst weider op eng breet Kommunikatioun gesat ginn, fir de Leit dobausse kloer ze maachen, dass si sech och weider musse schützen. An dobäi dierften och déi net vergiess ginn, déi kee vun den Haaptmedie suivéieren.

Da misst evitéiert ginn, dass aner Krankheeten, d'Situatioun ronderëm de Covid méi schlëmm maachen. Dofir sollten sech dëst Joer och méi Leit géint d'Gripp impfe loossen.

Wat d'Organisatioun vun de Spideeler a méi akute Covid-Zäiten ugeet, bleift d'AMMD bei hirer Fuerderung no engem zentrale Covid-Spidol.

„De Virdeel ass, dass een alleguer d'Covid-Patienten op enger Plaz zesummen huet, dass een doduerch eng Effizienzsteigerung kritt an der Prise en charge. Et brauch een awer manner Personal, manner Dokteren wann ee se all op enger Plaz huet, wéi wann ee se op véier verschiddene Plazen huet. An ebe face vun enger Penurie vun Dokteren a paramedezineschem Personal, wat en plus schonn uséiert ass duerch den éischten Deel vun der Well, wier dat eng ganz sënnvoll Alternativ.“

Alles an allem weist sech d'AMMD awer ganz zefridden domadder, wéi d'Kris zu Lëtzebuerg bis elo geréiert gouf. Ma dat verhënnert net, dass an hiren Aen ganz geschwënn e puer grondleeënd Punkten seriö mussen ugepaakt ginn.

PDF Bilan AMMD

Back to Top
CIM LOGO