
Am neie Gesetzprojet sollen iwwerdeems nach eng Rei Detailer ugepasst ginn, ënner anerem beim Thema Dateschutz bei den Impfungen. Eng aner Fro ass jo déi vun de Rees-Restriktiounen. Do gëtt et keng Decisioun op nationalem Plang, de Grand-Duché wëll sech do der europäescher Positioun uschléissen.