All Woch erreecht RTL (Radio, Tëlee an Internet) 422.900 Persounen zu Lëtzebuerg, dat sinn 79,3% vun der Populatioun.
Op eng Woch gekuckt, kënnt RTL.lu op d’Spëtzepositioun an erreecht 54,8% vun der Populatioun. Op zweeter an drëtter Plaz kommen RTL Radio Lëtzebuerg mat 50,5% an RTL Télé Lëtzebuerg (och via RTL ZWEE an Tëlee iwwer Internet) mat 48,3%.

Zweemol am Joer analyséiert TNS-Ilres am Optrag vun der Regierung an den 3 Haapt-Medienhaiser (Editpress SA, Saint Paul Luxembourg SA an IP Luxembourg/CLT-UFA) de Mediekonsum zu Lëtzebuerg. D’Analys gouf tëscht Februar 2021 a Januar 2022 op engem Echantillon vu 3.755 Awunner vun iwwer 15 Joer gemaach.