StatecD'Lëtzebuerger hunn nach ëmmer grousst Vertrauen an offiziell Statistiken

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Statec mellt, hunn 2021 iwwer 70 Prozent vun der Lëtzebuerger Populatioun uginn, datt si den offizielle Statistike vertrauen.
© Statec

Dëse Prozentsaz wier zanter 2015 stabel, a wier am Verglach mat der leschter Enquête 2018 souguer liicht eropgaangen. Et ginn allerdéngs Ënnerscheeder, d'Confiance klëmmt zum Beispill mam Niveau vun der Educatioun a läit bei Leit mat op d'mannst engem Masterofschloss bei 76 Prozent, par Rapport zu 62 Prozent bei deenen, déi de Secondaire net ofgeschloss hunn.

Back to Top
CIM LOGO