Publikatioun vun der Fondation IdeaD'Lëtzebuerger Ekonomie ass gutt duerch d'Kris komm

RTL Lëtzebuerg
Am Buch "L'Inventaire avant sortie de crise” vun der Fondatioun Idea ginn oppe Froen gestallt an thematiséiert.
© Frank Elsen

Publikatioun vun der Fondation Idea / Rep. Nadine Kremer

Ënnert anerem iwwer den Impakt vun der Kris op d'Lëtzebuerger Ekonomie, d'EU-Politik an den Télétravail. 18 Leit wéi zum Beispill Ekonomisten a Fuerscher hunn am Buch probéiert, Äntwerten op dës Froen ze ginn.

Déi weltwäit verbreete Covid-19-Pandemie an hir Konsequenzen hunn d'Leit viru grouss Erausfuerderunge gestallt. D'Lëtzebuerger Ekonomie ass am Verglach zu anere Länner gutt duerch d'Kris komm, seet d'Fondation Idea. Virun allem wéinst der wichteger Bedeitung vu senger Finanzplaz a well dës keen ekonomesche Schock erlieft huet. Lëtzebuerg wier och eent vun de wéinege Länner, an deem den Aarbechtsmarché weider wiisst. An trotzdeem sinn och d'Inegalitéiten duerch d'Kris méi grouss ginn. An enger neier Publikatioun analyséiert Idea d'kuerz- bis mëttelfristeg Konsequenze vun der Pandemie a gëtt Propositioune fir de Wee eraus.

18 Auteure beschäftegen sech mat Sujete wéi d'Aidë vum Staat, déi Lëtzebuerger Resistenzfäegkeet an der Kris, Inegalitéiten, den Impakt op de Logement, d'Fiskalitéit, d'Plaz vun der Kultur oder och den Télétravail, esou de Michel-Edouard Ruben, Ekonomist bei Idea. Edouard Ruben: "Chacun dans son domaine a dit qu'effectivement on a vécu une crise qui a révelé un certain nombre de défis qui existaient déjà avant, mais qui a été un accélérateur. C'est une réflexion sur la crise que nous vivons, pour surmonter les défis que nous avons vus que nous vivons, que nous sommes amenés à vivre de manière plus aigue par après."

An de wichtege Secteure vun der Lëtzebuerger Ekonomie wier den Télétravail gutt méiglech gewiescht. Dat hätt eis am Verglach zu eisen Nopeschlänner gehollef, d'Kris besser ze iwwerstoen. Och d'Steieraccorde mat de Frontaliere wieren dem Grand-Duché entgéint komm.

En anere Facteur wieren d'Hëllefe vum Staat. De Lockdown, dee vun der Regierung imposéiert gouf, hätt zu enger wirtschaftlecher Kris gefouert. Dofir wier et nëmmen normal, dass duerno der Wirtschaft ënner d'Äerm gegraff gouf, seet de Vincent Hein, Ekonomist bei Idea.

Vincent Hein: "Je crois que les plans qui ont été annoncés au niveau des investissements européens vont pouvoir permettre d'organiser la sortie de crise dans une direction stratégie qui est vers l'économie du numérique et vers la transition écologique."

Mat den Hëllefen wier verhënnert ginn, datt de Chômage zu Lëtzebuerg explodéiert ass a sech d'Dynamik um Aarbechtsmaart verschlechtert huet. Lëtzebuerg wier souguer eent vun de wéinege Länner, wou den Taux d'emploi weider klëmmt, wann och net esou vill, wéi virun der Kris erwaart.

Zejoert hat déi Europäesch Unioun een duerch gemeinsam Scholde finanzéierten Hëllefspak op de Wee bruecht, fir déi vun der Pandemie besonnesch betraffe Memberstaaten dobäi z'ënnerstëtzen, hir Infrastruktur ze moderniséieren. 750 Milliarden Euro haten d’Staats- a Regierungscheffen der EU am Summer 2020 dofir accordéiert.

Nieft dëse positive Punkte fir d'Wirtschaft dierft een awer net vergiessen, dass duerch d'Pandemie och sozial Problemer an Inegalitéiten däitlech a souguer verstäerkt goufen, betount de Muriel Bouchet, Direkter vun Idea.

Muriel Bouchet: "Il y a quand même eu des conséquences sur les inégalités, des conséquences sur la pauvreté. C'est encore difficile de prendre la mesure exacte maintenant mais c'est certainement quelque chose qu'il ne faudra pas négliger, qu'il faudra regarder de très près."

Donieft hätt d'Kris gewisen, dass puer Produiten, wéi Masken, net an Europa hiergestallt ginn. D'Mondialisatioun wäert sécher net komplett a Fro gestallt ginn, mee d'Ekonomiste mengen, dass d'Konzept misst iwwerduecht a Verschiddenes erëm regional produzéiert ginn.

D’Buch huet 150 Säiten. D’Fondatioun Idea gouf 2014 op Initiativ vun der Chambre de Commerce gegrënnt.

Back to Top
CIM LOGO