Gebremste CommemoratiounD'Leit goufen net op den ArcelorMittal-Site zu Déifferdeng gelooss

Tim Morizet
Eng Commemoratioun ouni de Public ass eng politesch Frechheet - esou d'Reaktioun e Mëttwoch de Mueren zu Déifferdeng.
Gebremste Gedenkfeier um Site vun ArcelorMittal
Eng Commemoratioun ouni de Public ass eng politesch Frechheet - esou d'Reaktioun e Mëttwoch de Mueren zu Déifferdeng.

All Joers gëtt et eng Gedenkfeier um Site vun ArcelorMittal. Eng Feier, déi un d'Affer vum Generalstreik géint den Zwangsrekrutement zur Nazi-Zäit erënnert.

Ma dëst Joer gouf een zum Entsetze vun de versammelte Leit net op de Site vun der fréierer ARBED era gelooss.
De Virwand: COVID-Restriktiounen.

Ganz domat averstane war een um Mëttwoch de Mueren awer net. Et gouf ee virun der Dier stoe gelooss.

Den Aly Ruckert, Déifferdenger Gemengeconseiller: „Wou deene Leit geduecht gëtt, ass am Fräien. Et ass e Monument wat do steet. Do kann ee sech och gutt verdeelen, do wär also guer kee Problem gewiescht.“

Et wier eng politesch Frechheet, datt Vertrieder vum OGBL oder dem Gemengerot net dierften un enger Commemoratioun deelhuelen. Zum Schluss hätt et och u Koherenz gefeelt.

Aly Ruckert: „Schlussendlech hu se dann, eng Minutt éier déi intern Commemoratioun ugefaangen huet, 3 Membere vun der Famill vun den Affer eragelooss. Mä all déi aner hu missen dobausse bleiwen.“

Ewéi ArcelorMittal matdeelt, hätt ee sech bei de Participanten entschëllegt. D'Commemoratioun ouns de Public ze feiere wier net op eegen Initiativ gewiescht. Op Direktiv vun der Santé a gesetzleche Restriktioune wier et net erlaabt, extern Persounen op engem Industriesite ze hunn. Ganz am Regret natierlech vun de versammelte Leit um Mëttwoch de Mueren zu Déifferdeng.

Back to Top
CIM LOGO