
D'Infektiounszuele sinn deemno ëm knapp 2 Prozent liicht zréckgaangen. An der Moyenne op d' Woch gekuckt hunn sech 120 Persounen den Dag infizéiert.
9 Mënsche sinn d' lescht Woch un de Suitte vun enger Sars-CoV2-Infektioun gestuerwen.

Wei schonn déi lescht Woch ass de Positivitéitstaux am Large Scale Testing geklommen op elo 0,43 Prozent, an der Kalennerwoch 2 louch den Taux bei 0,29 Prozent.

Zwou Wochen nodeems de Commerce an d' Schoulen nees op sinn, gouf sech vun den Experten eng Hausse bei de Neiinfektiounen erwaart. Op dat antrëfft, weist sech an de nächsten Deeg.
