
D'Infektioune sinn ëm 17 Prozent am Verglach zur Woch virdrun zréckgaangen. D' 7-Dagesinzidenz leit elo bei 123.
Zanter Wochen ass et déi éischte Kéier, wou de Positivitéitstaux am Large Scale Testing nees geklommen ass, dee läit an der Kalennerwoch 2 bei 0.29 Prozent, déi Woch virdru bei 0.21 Prozent.


*Duerch en Tippfeeler waren eis d'Zuelen duerchernee geroden a mir haten fälschlecherweis am Text vun 589 Persoune geschwat. Am Grafik konnt een awer déi richteg Zuelen erausliesen.
** Bei der 7-Dagesinzidenz ass d'Moyenne op 7 Deeg gemengt, de Wäert bezitt sech net op 100 000 Awunner.