Gesondheets-AppDigitale Begleeder fir Patiente soll uganks nächst Joer erauskommen

RTL Lëtzebuerg
Déi sougenannte Gesondheets-App soll d'Kommunikatioun tëscht den eenzelen Acteure vereinfachen a fir manner Pabeierkrich suergen.

Iwwert de Smartphone oder Tablett kann ee sech esou zum Beispill Resultater vun Analysen, Ordonnancen an Zertifikater ukucken. Et hätt een och d'Optioun, d'Dokterrechnungen am digitalen iwwer d'App ze bezuelen an direkt un d'Krankekeess weiderzeleeden. De Remboursement géif dann elektronesch iwwerwise ginn.

An Zukunft soll een och d'Optioun hunn, de Krankeschäin direkt iwwert d'Applikatioun un de Patron ze schécken.

Datesécherheet op der Plattform wier immens wichteg, esou den Direkter vun der AMMD, den Dr. Alain Schmit.

Net all Acteur hätt de kompletten Zougrëff op déi gespäicherten Donnéeën. Ob d'Applikatioun duerno eppes kascht, ass nach net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO