Pot des PresidentsD'Handwierk zu Lëtzebuerg mécht sech grouss Suergen ëm d'Zukunft

Frank Goetz
D'Situatioun an der Corona-Kris gëtt ëmmer méi schlëmm a Perspektive ginn et net wierklech.
D'Handwierk mécht sech Suergen ëm d'Zukunft
Alleguer déi verschidde Sparten aus dem Handwierk si vun der Pandemie betraff, sou d'Chambre des métiers an d'Fédération des artisans op hirem Neijoerschpatt.

Alleguer déi verschidde Sparten aus dem Handwierk si vun der Pandemie betraff. Dat hunn d'Chambre des métiers an d'Fédération des artisans en Dënschdeg am Kader vun hirem Neijoerschpatt ënnerstrach, deen dëst Joer natierlech digital huet missen organiséiert ginn.

D'Handwierk an déi 7.800 Betriber, déi ëmmerhin 98.000 Mënsche beschäftegen, hoffen op weider Hëllef.

Pot des Presidents / Reportage vum Dany Rasqué

De Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun, de Romain Schmit, huet un d'Regierung appelléiert, de Betriber an der zweeter Hallschent vun der Legislatur eng Hand unzepaken, fir datt se déi schwéier Zäit kënnen ofrëselen an hannert sech loossen.

D'Betriber dierften net nach weider geschwächt ginn.

"Mir fannen et dofir wichteg, datt d'Regierung mat de Corps intermédiaires schwätzt. Et geet net duer, dat hu mer verschiddene Ministere scho gesot, mä si gleewen eis net ëmmer. Et geet net duer, fir owes op engem Cocktail engem Kolleeg-Entrepreneur begéint ze sinn, fir ze wëssen wat d'Ekonomie denkt."
Dofir misst ee mat de Federatiounen an deene verschiddene Chambere schwätzen an hinnen och nolauschteren.

Apropos, d'Handwierk stellt fest, datt de Sozialdialog, d'lescht Joer gutt fonctionéiert hätt, méiglecherweis ënnert dem Androck vun der Pandemie. Et hätt een op alle Fall gemierkt, datt et besser virugeet, wann d'Politik sech eraushält.

"Et si ganz vill Parteien, déi benotzen d'Spill vum Sozialdialog, fir hiren eegenen Agenda virun ze bréngen. Och d'Gewerkschaften hunn et net ongär, wa se mat de Patronen net virukommen, da wende se sech un d'Politik, fir datt déi hinnen hëlleft, et weider ze bréngen. Op alle Fall eis Erfarung ass déi, wat d'Politik sech méi aktiv amëscht, wat et méi schwiereg gëtt."


Fage huet d'Handwierk als Beispill genannt, fir eng Industriepolitik, wéi ee se NET mécht. Komplex a laang Prozeduren, flou a subjektiv Krittären, dat wier awer eppes, wat och Lëtzebuerger Entreprise kennen.

De Generaldirekter vun der Chambre des métiers, den Tom Wirion:

"Mir ginn den Androck net lass, bei engem Dossier Fage oder aneren an och bei verschiddenen Handwierksdossieren, datt éischter gekuckt gëtt, datt et net geet, amplaz, datt gekuckt gëtt wéi et ka goen, fir datt e Betrib sech zu Lëtzebuerg kann néierloossen".

E weidere Sujet ass fir d'Handwierkerfederatioun an d'Chambre des métiers nach ëmmer d'Situatioun vun den Independanten. Dee Statut misst verbessert ginn, och mat Bléck op eventuell weider Krisen.

PDF: Schreiwes Fédération des Artisans a Chambre des Métiers (fr)

Back to Top
CIM LOGO