Stéphane Bern iwwer Waringo-Rapport"D'Grande-Duchesse ass Affer vu Machismus"

RTL Lëtzebuerg
De Journalist a Spezialist fir Kinnekshaiser huet sech an engem Interview mat der belscher Press zu de Kriticke géint d'Grande-Duchesse geäussert.
© rtl.be

Am Rapport vum Jeannot Waringo iwwert de groussherzoglechen Haff gëtt d’Grande-Duchesse Maria Teresa net a Fro gestallt. Dat mengt op jiddwer Fall de Stéphane Bern. De Journalist, spezialiséiert a Kinnekshaiser, huet bei onse Kolleege vum belschen RTL d’Maria Teresa a Schutz geholl. Senger Meenung no wier si Affer u Machismus. Si hätt et verdéngt anescht behandelt ze ginn, wéi déi "Petits journaleux" iwwert d'Fonctionnement vum Haff wollte schreiwen.

Viru bal 2 Wochen hat d'Land ënnert anerem bericht, datt um Haff "keen Zougrëff op d'Maria Teresa" hätt, an anere Wierder: Si géing maachen, wat se wëll.

De Stéphane Bern steet esouwuel der groussherzoglecher Koppel, wéi och dem Premier Xavier Bettel no.

Méi Detailer bei de Kolleege vu 5minutes.lu

Grand-Duc reagéiert op Waringo-Rapport: "Firwat eng Fra attackéieren?"
Ze fréi fir Konklusiounen: Politesch Reaktiounen op d'Schreiwes vum Grand-Duc
Dir hutt d'Wuert: Waringo-Rapport / Reaktioun Grand-Duc: Wat ass Är Meenung?
Tëscheruff vum Roy Grotz: Message vum Haff: eng souverän Reaktioun?

Back to Top
CIM LOGO