
231 Mol gouf eng Expulsioun vum gewalttätege Partner ordonnéiert, wat par Rapport zu 2017 eng Hausse ass. Dat äntwert d'Ministesch fir d'Gläichheet tëscht Mann a Fra, Taina Bofferding, op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Françoise Hetto-Gaasch.
Kënnt et zu enger Expulsioun vun engem Täter, da kontaktéiert den "Service d'assistance aux victimes de violence domestique" vu "Femmes en détresse" direkt d'Affer, fir mat him ze kucken, wéi et kéint encadréiert ginn, egal ob dat e Mann oder eng Fra ass. D'Expulsioun vum Täter kann 2 Wochen daueren, duerno kann nach eng Verlängerung vu bis zu 3 Méint drugehaange ginn. No dëser Moossnam geschitt allerdéngs näischt. Dat wier eppes, wat misst geännert ginn, erkläert d'Andrée Birnbaum vu "Femmes en détresse": „An esouguer 3 Méint gin net duer. Wann een ee neien Logement brauch, dee fënnt ee net an dräi Méint, eng Fra, déi net geschafft huet, déi eng Plaz muss fannen, d'Kanner, déi d'Schoul musse wiesselen. An dacks ginn d'Fraen dann op, a wëllen et mat hirem Partner nees ophuelen. An da kënnt et dacks vir, datt et eng Recidive gëtt".
D'lescht Joer hätt een 48 Recidivë gehat. Donieft wier et esou, datt Weeweisungen wéinst dem Opwand net kënne systematesch vun der Police kontrolléiert ginn.
„Stellt Iech mol vir, et muss ee 24 op 24 kontrolléieren, bei all Expulsioun, ob de Mann net zeréckkënnt. Dat wier ideal, mir géifen eis dat wënschen. Mir kucken am Comité violence [...] wéi mir besser kënnen zesummeschaffen, fir d'Affer besser kënnen ze schützen. Mä de Risiko null gëtt et net", sou d'Andrée Birnbaum.
Ronn 1.000 Frae kontaktéieren d'Associatioun "Femmes en détresse" an hir 14 Zerwisser am Joer, fir Informatiounen ze kréien, zum Beispill, fir iwwert hir Rechter opgekläert ze ginn oder konkret Hëllef ze froen. Ma ee bestëmmte Profil vu Fra, dee sech bei der Associatioun mellt, gëtt et net. Dat geet vu bis.
"D'Gewalt am Stot ass eppes Schläichendes. Dacks fänkt et mat psychologescher Gewalt un. An d'Frae si sech dees dacks net bewosst, datt se Gewalt erliewen. Si ginn ëmmer erëm erofgemaach, bis datt se dru gleewen, datt se eppes falsch gemaach hunn, datt si sech net richteg behuelen", seet d'Mataarbechterin vu "Femmes en détresse".
Manner Selbstvertrauen féiert schlussendlech dozou, datt d'Frae sech manner wieren. Wärend d'Affer op der enger Säit vun den Zerwisser vun "Femmes en détresse" betreit gëtt, ass et "Riicht eraus", déi sech un den Täter adresséiert. Dee gëtt no der Expulsioun op ee Rendez-vous invitéiert, wou en iwwert d'Thema "Gewalt am Stot" sensibiliséiert soll ginn. Mee och hei gëtt et ee Problem: Wann den Täter sech deenen Treffen entzitt, ka keen e wierklech dozou zwéngen.
Mat Bléck op d'Expulsiounen, sinn et 89% Fraen, déi Affer vu Gewalt am Stot ginn. Vun 11% Männer ginn der 3% vu Frae mësshandelt a geschloen. Déi aner 8% gi maltraitéiert.