45 Joer méi spéit léist de jonke Lëtzebuerger Historiker dat ganz beweegt Kapitel, zum Deel dank dem Abléck an d'privat Archiv vun der Famill Wehenkel, am Kader vu senger Masteraarbecht, frësch opliewen.
"Et ass nach keng historesch Aarbecht an deem Ëmfang ginn. Dat ass och vläicht doduerch, datt een d'Tendenz huet, éischter iwwer Projeten ze recherchéieren, déi och um Enn realiséiert gi sinn. Hei steet näischt, wat ee kann kucken", sou den Historiker an Auteur. Aus den Dokumenter vun deemools geet kloer ervir, datt d'Iddi eng Atomzentral un der Musel ze bauen, op Lëtzebuerger Säit gebuer war.
De Sacha Pulli hëlt déi ganz beweegt Joren 1973 bis 1979 ënnert d'Lupp.
Vun der Gebuert vum Projet ënnert der CSV-DP-Regierung. Iwwert d'Resistenz, déi sech lues a lues opgebaut huet, bis zum Doudesstouss. Um Enn, huet 1977 ee vu béide Koalitiounspartner aus der DP-LSAP-Regierung d'Schlësselroll gespillt. Um Kongress vun de Sozialisten huet d'Basis am Dezember 1977, mat enger 3-Stëmmen-Majoritéit, zu Gonschte vun engem Moratoire gestëmmt. Den Ufank vum Enn.
"Déi hunn et fäerdeg bruecht déi ganz Diskussioun an d'LSAP eranzebréngen. Datt déi dann um Kongress och diskutéiert gëtt, dat war fir d'Atomgéigner eng vun den eenzege Méiglechkeeten. Soss wier et duerno zu engem Vott an der Chamber komm. Wat och intressant ass, datt d'Vertrieder vum Vollek, d'Chamber, ni eng Decisioun geholl hunn zu deem Projet. Well e scho virdrun gekippt ginn ass", sou nach de Sacha Pulli am Buch, dat mat der Ënnerstëtzung vun der Fondatioun Lydie Schmit elo an den Handel kënnt.