Eng europäescht Direktiv iwwerléisst hei dem Operateur komplett fräi Hand. Domat ass een awer net zefridden.
Konkret geet et em dës kleng Këschten, déi sougenannten „Small cells“. Se hunn e Volume vun 20 Liter a si maximal 45 Zentimeter héich, 20 Zentimeter breet an 20 Zentimeter déif. Eng Europäesch Reglementatioun. Dës sollen, nieft de groussen Antennen - Lokal, op kuerzer Distanz, méi no beienee verdeelt gi fir eng besser Connectioun ze garantéieren.
Ma, lokal, bei de Gemengen, hätt bis ewell keen no engem Avis gefrot.
Den Emile Eicher, President Syvicol:
„Mir hunn eis do gewonnert, datt mer do ausgeschloss ginn a keng Baugeneemegungen dofir musse ginn.“
Ëmmer méi vun dësen Antennen tauchen uechter ganz Europa an der Groussregioun op. Och zu Lëtzebuerg – d'Zil ass et, bis 2025 80-90% vun der Populatioun kënne mat 5G ze zerwéieren.
D'Kommunikatioun mam Operateur, dee sech hei ëm d'Installatioune këmmert, wier bis ewell awer kaum existent gewiescht. Et gouf ee Workshop mat Erklärungen, wéi d'Technologie funktionéiert.
„Dat huet eis elo net ganz vill weider gehollef. Mir bleiwen awer bei der Meenung, datt egal wat fir Verännerungen an de Stied a Gemenge kommen, op mannst d'Gemengen do missten am Virfeld informéiert ginn. Mir hu jo och vläicht gutt Ursaachen, firwat déi eng oder aner Platz sech net fir dës Installatiounen eegent. A virun allem do, wou een e Patrimoine huet, well een dësen awer net onbedéngt duerch Këschten do verbotzt kréien.“
Opgehaange ginn déi Këschten uechter d'Gemengen op Plazen, déi net ze vill opfalen: ganz beléift sinn hei Luuchtepottoen, Stroosseluuchten, Busarrêten, awer och Gebaier.
Aplaz vun enger duerchgoender Bestralung, ewéi ee se beim 4G huet, erlaabt déi nei Technologie et, punktuell Geräter ze fannen a mam Internet ze connectéieren. D'Antenne reduzéieren dohier ausserhalb vun de Spëtzestonnen hir Capacitéit a spuere gläichzäiteg och Stroum.
Beim Syvicol géif ee sech net géint de 5G ausschwätzen, et wéilt ee just mat engem konkrete „Masterplang“ informéiert ginn.
„Mir wiere gären notifiéiert a géife gäre wëssen, ëm wat, datt et geet. Wéi vill Käschte ginn do opgeriicht? Wou sollen déi opgeriicht ginn? Wéi gëtt dat mam Accès gereegelt? Wien iwwerhëlt d'Responsabilitéit? Et sinn eng Partie froen, déi sech stellen!“
De Projet de loi wier nach an Prozedur, heescht et bei der Post, déi fir en Deel vun der Installatioun vum 5G zu Lëtzebuerg zoustänneg ass. Et géif een d'Ëmsetzung ofwaarde virun, datt no bausse kommunizéiert gëtt.
Am Grand-Duché installéieren déi 3 Operateuren hir eegen Antennen.
