
Zanter dem Ausbroch vun der Coronavirus-Pandemie gëllt och bei der Press eng Zort Ausnamezoustand. Engersäits gouf d'Press wärend dem Confinement méi consultéiert, wéi jee, ma anerersäits kommen zanterhier ëmmer méi Stëmmen op, déi de Medien net méi vertrauen.
D'Maxime Gillen huet mam President vum Lëtzebuerger Presserot, Generaldirekter vun Editpress a Chefredakter vum Tageblatt, Jean-Lou Siweck iwwert dës Problematik geschwat.
Wärend dem Confinement waren d'Medie quasi exklusiv op d'Informatioune vun der Regierung ugewisen. Dat wier natierlech keng ideal Situatioun gewiescht, esou de Chefredakter vum Tageblatt, ma wier net z'evitéiere gewiescht an hätt och net bedeit, dass d'Medien hir kritesch Distanz dozou verluer hätten.
An awer géifen et vill Leit, déi bei grondsätzleche Froen, net d'Gedold an d'Versteesdemech hätten, fir z'akzeptéieren, dass wëssenschaftlech Erkenntnisser sech konstant kënnen änneren.
„Et ass net erstaunlech, dass och haut nach net immens vill net gewosst ass, iwwert dee Virus, mä dass Positiounen, déi am Ufank anescht waren an an Tëschenzäit evoluéiert hunn. Fir domadder ëmzegoen, fir dat z'akzeptéieren, dass et e Wëssensstand virun e puer Méint gouf, wou ee verschidde Saachen decidéiert huet, an dass dee Wëssensstand evoluéiert, méi präzis gëtt, vläicht esouguer Saachen, déi een um Ufank gesot huet, net méi richteg sinn, fir domadder ëmzegoen, stellt ee fest, dass dat ville Leit relativ schwiereg fält.“
Derbäi kéim, dass an Tëscht vill Leit keng Loscht méi hätten, sech mat de Realitéiten iwwert déi d'Press bericht, ze beschäftegen, respektiv sech doriwwer z'informéieren.
„Ee Phänomen vu Pressemiddegkeet, dee mir kennen, huet och ganz banal domat ze dinn, dass dat Ausenanersetze mat schlechten Nouvellen, deene meeschte Leit op d'Gemitt schléit.
D'Kritik dorun, dass d'Medien op verschiddene Punkten dat selwecht schreiwen, léisst de Jean-Lou Siweck iwwerdeems net gëllen. Respektiv fir hien ass dat positiv ze gesinn, ëmmerhi wier ee sech op dëse Punkten eens, dass se wierklech stëmmen.
„Wa mir keng gemeinsam Basis hu vu Saachen, déi mir als richteg akzeptéieren. A wann alles negociabel gëtt, wann alles relativ ass, dann ass dat net en Zeechen dofir, dass mir eng gesond Presselandschaft hunn, mä dann ass et en Zeechen, dass mir eng ganz ongesond Gesellschaft hunn.“
Allgemeng hätt d'Kris, an den Ae vum Jean-Lou Siweck, awer just Phenomener verstäerkt, déi et och virdru scho ginn hätt.
