Vott viraussiichtlech nächst WochDeputéiert sollen Treffe mat Lobbyisten a Regëster androe mussen

Diana Hoffmann
En Transparenzregëster fir Deputéierter weist an Zukunft, mat Vertrieder vu wéi engen Institutiounen oder Organisatiounen sech e Politiker getraff huet.

Dëst soll de Bierger en Iwwerbléck erméiglechen, och fir ze wëssen, duerch wien de Volleksvertrieder méiglecherweis seng Iddien huet.
Fir déi Lëtzebuerger Deputéiert solle méi streng Transparenzreegele kommen: Dat hat den Deputéierte vun de Piraten, de Sven Clement fonnt, wou e seng Propositioun fir eng Modifikatioun vum Gesetz an der Chamber deposéiert huet. Deen Konsens, deen an der zoustänneger Kommissioun fonnt ginn ass, geet awer mat engem Transparenzregëster nach vill méi wäit.

D’Haaptännerung wäert déi sinn, dass an Zukunft mat ganz wéinegen Ausname jiddereen, all Organisatioun, all Institutioun, déi mat Deputéierten a Kontakt trëtt, sief et mat engem eenzegen Deputéierten, sief et mat der Fraktioun oder mat engem Grupp politique, sech muss fir d’éischt an dat Transparenzregëster androen, erkläert den ADR-Deputéierten, a President vun der Kommissioun, de Roy Reding. All Mount muss all Deputéierten oder all Grupp da matdeelen, mat wat fir Lobbyisten e sech an deem Mount getraff huet.

De Sven Clement begréisst, dass dës Propositioun méi wäit geet, wéi am Oktober 2019 vun him ugeduecht gi war. De Bierger kéint gesinn, wann den Deputéierten nëmmen eng Klack géing lauschteren. Oder ob e wierklech drëm besuergt wier, fir méiglechst vill Aflëss zu engem Text ze héieren. D’Biergerinnen an d’Bierger kéinten zu Recht vun den Deputéierten erwaarden, datt se déi zwou Säite vun der Medaile kucken, respektiv d’Klacke vun allen Säite lauschteren.

D’Kontroll, ob alles richteg am Regëster agedroen ass, wier awer net onbedéngt einfach. Den Drock wier awer grouss, mengt de Sven Clement. Dëst well d'Regëstere jo ëffentlech wäerte sinn. Sou huet souwuel de Publik, wéi och d'Press Zougrëff fir eranzekucken.

Ausgeschloss vun der Registréierungsflicht sinn awer Treffe mat Europadeputéierten, Syndicaten a Chambres professionelles,souwéi och den Dialog mam Bierger selbstverständlech. D'Gesetz gëtt viraussiichtlech ugangs nächster Woch gestëmmt.

Back to Top
CIM LOGO