
POST Finance stellt fest, datt sech bannent de leschte 5 Joer d'finanziell Depote verduebelt hunn, fir sech lo op 3,5 Milliarden ze chiffréieren.
Post Finance ass domat an enger schwiereger Situatioun, well de Postscheck keen Agrement als Finanz-Etablissement huet an domat de vollen Impakt vun de Negativzënse muss droen.
Eng vun de Méiglechkeete fir dëst ofzefiederen, ass, et fir dës Negativzënsen op d'Postscheck-Clientë mat héijen Depoten ze reperkutéieren, eng Decisioun wier dem Wirtschaftsminister Fayot no awer nach net bei der Post geholl ginn.
POST Finance weist iwwerdeem op hir sozial Roll hin an datt en Drëttel vun allen CCP-Client keen anere Bankkont soss hunn.