Andréck vum Daniel TothD'Entwécklung an den USA aus der Vue vun engem Lëtzebuerger

Tim Morizet
Eng Rëtsch Lëtzebuerger wunnen den Ament an den USA an hunn déi nawell turbulent Momenter aus de leschte 4 Joer „en direct“ a „sur place“ materlieft.
© RTL Archiv

Dorënner och den Daniel Toth. Hie wunnt zanter dem Summer vun 2019 zu Milwaukee am Wisconsin.

Lëtzebuerger an den USA - De Reportage vum Tim Morizet

Fir hien ass et d'Hoffnung, datt et séier nees an eng gewëssen Normalitéit geet. Dat definitiivt Walresultat vum 16. Dezember hätt kenne Rou an d'Politik an an den Diskussiounen op de Stroosse bréngen: "Woubäi een iwwert déi lescht Woch, oder 2 Woche gesinn huet, datt dat net onbedéngt de Fall ass. Mir hoffen elo einfach, datt et séier zeréck an d'Normalitéit geet an den Joe Biden kann als President regéieren an, datt d'Land nees e bëssen zu Rou kënnt."

Iwwert déi lëscht 4 Joren, hätt sech déi traditionell Tendenz ëmmer déi nämmlecht Partei ze wiele geännert: "Déi meescht Republikaner déi ech kënnen, déi och effektiv hiert d'ganz Liewen d'Partei gewielt hunn, hunn dëst Joer fir den Joe Biden gewielt. Si haten es och sat mat de leschte 4 Joer. An och si si frou, datt de Biden elo d'Amt iwwerhëlt an direkt mat e puer Changementer kënnt."

Déi lescht 2 Joer wieren ustrengend gewiescht. Den Daniel ass selbstänneg an huet Firme gegrënnt fir den Import an Export vu Wueren tëscht Europa an den USA. Hien importéiert, ënner anerem, europäesche Wäin an verkeeft un Europa Amerikanesch Produiten. D'Relatioun mat Europa hätt ënnert dem Trump fuerchtbar gelidden: "An dat mat ënner anerem Stroftaxen déi op esou vill Saache festgeluecht goufen a vun Ufank u kee Sënn erginn hunn. Mir sëlwer sinn och betraff mat eisem Wäin-Import an eisem Export a Richtung Europa. Op béide Säite sinn Stroftaxen drop. Um Wäi bezuele mer 25% Strof drop. Dat ass immens vill fir eng Fläch Wäin an dat hunn ënnert dem Stréch alles d'Konsumente bezuelt. Dat ass ni esou gewiescht ewéi den Donald Trump dat versprach huet, datt dat dann iergend en anere bezilt. Et ass komplett aus dem Portmonnie vum Konsument gaangen."

D'Situatioun hätt sech duerch d'Pandemie net verbessert. Déi staatlech Hëllefen an den USA ware bis elo limitéiert: "Do ass alles komplett agebrach well bemol keng Produite méi do waren déi ech konnt an de Container setzen an eriwwer schécken. Do war dann en Hëllefspak dobäi, datt ee fir d'Paie vu sengen Employéeën ze bezuelen, déi fir 2 ½ Mount iwwerholl kritt. D'Pandemie ass awer elo bal e Joer am Gaang."

Hei hofft een elo mat der Ënnerstëtzung vun den Demokrate weider finanziell Hëllefs-Tranchen vu Washington DC accordéiert ze kréien.

Weider Andréck vu Lëtzebuerger, déi an den USA liewen, sou wéi och vum Daniel Toth ginn et am Sujet aus dem Journal vun e Mëttwoch den Owend.

Tëscht Hoffnung an Onsécherheet: Wéi erliewe Lëtzebuerger an Amerika dës extreem onroueg Zäiten?

Back to Top
CIM LOGO