Vill AnnulatiounenDen Horesca-Generalsekretär kritiséiert d'Informatiounspolitik vun der Santé

RTL Lëtzebuerg
Dat neit Covid-Gesetz gëtt an der Chamber gestëmmt. Den Horesca-Secteur verlaangt méi Detailer, wou d'Leit sech genee ustiechen.

Lëtzebuerg ass am Moment bei den Touristen net sou attraktiv ewéi soss.

D'Majoritéit vun de Caféen, Restauranten an Hoteller géif sech un d'Mesuren halen. Et kéint een och e Bistro net bestrofen, wann en e Client huet, dee sech net un d'Reegelen hält, esou de François Koepp, Generalsekretär vun der Horesca.

Schonn am Ufank vun der Kris hätte si hir Betriber esou gutt et geet sensibiliséiert. Virun allem feelt et un Transparenz, u genauen Explikatioune vun der Santé, wou a wéi sech d'Leit ugestach hätten, seet de François Koepp.

Do muss ee besser informéiere fir ze soen, wéi dat komm ass a wéi d'Leit sech ugestach hunn. Leit, déi aus dem Ausland erëmkomm sinn, Leit, déi ëmmer hei zu Lëtzebuerg waren, Leit, déi Kontakt hate mat anerer, déi aus dem Ausland waren. Dat sinn Infoen, déi mir einfach feelen. Et feelt mir un Transparenz un Informatiounen an ech fannen dat ganz traureg, well wann een déi néideg Infoen net huet, da kann een och déi néideg Schrëtt net aleeën, fir d'Leit mam beschte Wee kënnen ze beroden, fir dat si sech selwer schützen an och déi aner Leit. A bis elo feelt dës Informatioun hei zu Lëtzebuerg“.

De 50€-Bong hätt am Ufank ewéi e grousse Succès gewierkt. Den Ament wéilten d'Leit hire Sejour awer léiwer op en aner Zäitpunkt verréckelen. Mëttlerweil sinn och vill Annulatioune vu Leit aus dem Ausland derbäikomm, well Lëtzebuerg jo a ville Länner als Risikogebitt aklasséiert gëtt.

Jo, et ass dramatesch, wat d'Reservatiounen zeréckginn, wat d'Annulatioune kommen. Et ass net gutt ewéi mir dat no bausse verkaaft hunn an ech soen dat nach eng Kéier, datt ech mengen, datt do keng gutt Campagne gemaach ginn ass, keng gutt Kommunikatioun gemeet ginn ass. Och net no baussen eraus, och wann dat herno verbessert gëtt an herno sou gemaach ginn ass, datt d'Kommunikatioun sech verännert huet. Mee am Moment ass et ganz kloer esou, datt en d'Leit elo am Ausland awer Lëtzebuerg éischter als negativ ugesinn“.

Den Horesca-Secteur hofft awer datt d'Situatioun sech an de nächste Wochen verbessert. De François Koepp betount awer och, datt zu Lëtzebuerg am Secteur eng ganz gutt Aarbecht géif geleescht ginn.

Back to Top
CIM LOGO