Déi GréngDeidre du Bois fir fräie Posten am Staatsroot virgeschloen

RTL Lëtzebuerg
Den Exekutivcomité vun Déi Gréng proposéiert Deidre du Bois fir ee vun den zwee fräie Posten am Staatsrot.
© Archivbild

De René Kollwelter huet dee jo méi fréi verlooss wéi geduecht. D'Mandat vum LSAP-Politiker sollt u sech bis an d'Fréijoer 2020 lafen, ma Mëtt Oktober gouf duerch d’Publikatioun am Mémorial offiziell, datt de Grand-Duc d'Demissioun vum René Kollwelter ugeholl huet.

D’Deidre Du Bois ass Affekotin an ass spezialiséiert am Droit privé an de Schutz vun de Biergerrechter. Si ass ënnert anerem engagéiert an der nationaler Mënscherechtskommissioun. Elo muss just nach d’LSAP de Romain Nati, dee Vizepresident war, ersetzen an ee Kandidat proposéieren.

RTL-Informatiounen no huet den Alex Bodry gutt Chancen, fir dee Posten ze kréien. Bei eis op der Antenne sot den Nach-Fraktiounschef, datt hien net ofgeneigt wier, fir Member am Staatsrot ze ginn. Am Fall, wou den Alex Bodry säin Deputéierte-Mandat néierleet, réckelt d'Simone Asselborn-Bintz an d'Chamber no.

De Poste vum Vizepresident huet an der Successioun vum Romain Nati de Marc Schaefer iwwerholl.

Vun den aktuell 20 besate Poste sinn der 8 vu Frae beluecht - eng bleift jo nach ze besetzen.

PDF: Schreiwes vun déi Gréng

Back to Top
CIM LOGO