Garer Quartier an der StadDéi lescht Woche goufen 10 Persoune festgeholl an 150 Kokain-Bulle confisquéiert

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem goufen den 1. Juli e puer Zich op der Gare zu Hollerech vun der Police an der Douane, sou wéi vun der Police judiciaire kontrolléiert.
© Police

Bei dëser Kontroll goufen 2 Persoune wéinst Drogebesëtz op Uerder vum Parquet festgeholl. Eng Persoun hat 19 Bulle mat Drogen a sengem Kierper. Déi aner Persoun hat 15 kleng Tute mat Haschisch op sech. Bei enger Perquisitioun doheem huet d'Police nach eemol 300 Gramm Haschisch, 7 Handyen an eng gréisser Zomm Boergeld fonnt.

Niewent dësem Virfall goufen et nach 3 Protokoller wéinst Drogebesëtz, a 4 Fäll goufen et Verstéiss géint d'Openthaltsrecht. Am Ganze ware 36 Policebeamten an zwee Beamte vun der Douane am Asaz.

An de vergaangene Woche goufen et e puer gréisser Kontrollen an der Géigend vun der Gare. 10 Persoune goufen am Ganze festgeholl an där Zäit, 150 Kugele Kokain goufe saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO