Xavier BettelDéi lescht Rieden zur Lag vun der Natioun am Réckbléck

Pierre Weimerskirch
Um Dënschdeg ass dem Xavier Bettel säin 9. Etat de la Nation. Et ass déi Ried, wou de Regierungschef op déi politesch Accente fir déi nächst Méint kuckt.
Etat de la Nation - e Réckbléck
Et ass déi Ried, wou de Regierungschef op di politesch Accenter fir di nächst Méint kuckt.

Zanter dem éischten Etat de la Nation den 2. Abrëll 2014 huet de Premier a siwe Rieden iwwer néng Stonne geschwat. Am léifste mat bloer Krawatt a bloem Costume. Den Dauerbrenner ass virun allem een Thema: De Logement. Regierunge kommen a ginn, de Problem bleift. D'Land wiisst weider, de Wunnengsbau kënnt net no.

Am Etat de la Nation geet et ëm d'politesch Philosophie vun deenen, déi d'Land regéieren. 2015 gouf e Paradigmewiessel annoncéiert, et sollt reegelméisseg zu Referende kommen. Ee Referendum gouf et, d'Äntwert war dräi Mol Nee. Den Äifer séier gebrach. Den annoncéierte Referendum iwwert Verfassungsrevisioun ass net méi virgesinn.

Wéi e roude Fuedem zitt sech och d'Mobilitéit duerch all d'Rieden. Den ëffentlechen Transport ass gratis, den Tram fiert.

2017 stoung de Xavier Bettel zwee mol um Riednerpult. Den éischten Dag ass de Mikro net gaangen. Eng Pann, déi hoffentlech eng eemoleg Première bleift. Villes gouf fir Famill a Kanner gemaach. D'Schouloffer gouf ausgebaut, d'Kannerbetreiung reforméiert.

Am Waljoer 2018 war et déi kierzte Ried, hei war et méi e Réck- wei en Ausbléck.

Bei blo, rout, gréng déi zweet gouf et grouss personell Changementer, déi zwee Vizepremiere Braz a Schneider sinn net méi an der Regierung, deen een onfräiwëlleg, deen anere wollt säi Liewen zréck.

Trotz grénger Regierungsbedeelegung koum d'Klimapolitik elo réischt déi lescht Jore méi an de Fokus. Jonker ginn och zu Lëtzebuerg op d'Strooss, an d'Suitte vum mënschegemaachte Klimawandel sinn och am Grand-Duché spierbar.

D'Joer 2020 war gepräägt vum Coronavirus. Basis fir de Rescht vun dëser Legislatur wier de Koalitiounsprogramm, d'Kris géif och déi grouss Steierreform verhënneren.

Déi grouss Erausfuerderunge sinn déi nämmlecht bliwwen. Vill Dossieren hu sech verschäerft. An zwee Joer gëtt en neit Parlament gewielt, fir de Premier Xavier Bettel geet et um Dënschdeg drëm ze weisen, wat seng Koalitioun bis dohin nach wëll realiséieren.

Back to Top
CIM LOGO