Training vun TruppenDéi Lénk si géint den Asaz vu Lëtzebuerger Zaldoten am Mosambik

RTL Lëtzebuerg
Am Norde vum Land hu rezent islamistesch Milizen Dierfer attackéiert an an där Géigend ass d'Pëtrolsfirma Total am Asaz.
© Tim Morizet / RTL (Archiv)

Fir déi Lénk ass et inacceptabel a geféierlech, Truppen an de Mosambik ze schécken. Aktuell lafe Gespréicher op europäeschem Niveau a Lëtzebuerg hätt säin Accord scho ginn, fir Militär an dat ostafrikanescht Land ze schécken.

Dat, well am Norde vum Land islamistesch Milizen Uertschaften attackéiert hunn an an där Géigend déi franséisch Pëtrolsfirma Total Installatiounen a Projeten huet. D’Lëtzebuerger Bedeelegung un enger Missioun am Mosambik wier, fir Truppen do ze trainéieren.

Déi Lénk mengen, dat wier den éischte Schrëtt, iert d’Missioun géing verstäerkt ginn. D’Oppositiounspartei fënnt et onverständlech, datt d’Regierung fir d’Exploitatioun vu fossiller Energie an d’grousst Kapital wéilt militäresch ënnerstëtzen.

PDF: De Communiqué vun Déi Lénk

Back to Top
CIM LOGO