
Hie war den 2. Januar 2019 zu Wolz mat sengem Auto an e Grupp vu 5 Leit gerannt, dorënner och säin 2 Joer ale Bouf, deen dëst net iwwerlieft hat. En Donneschdeg goufen d'Victimmen an d'Zeie souwéi den zoustännege Kommissär um Geriicht zu Dikrech gelauschtert.
Den Ugeklote bleift bei senger Positioun. "Ech si villäicht Schold, mä ech sinn net schëlleg", sot hie géint Enn vum Prozessdag. Fir hien ass et en Accident gewiescht an hien hätt net d'Intentioun gehat, engem wéizedoen. Un d'Kollisioun mam Grupp vun 3 Erwuessenen an 2 klenge Kanner an der Poussette an der Rue Grand- Duchesse Charlotte zu Wolz, erënnert hie sech net. Als Grond vum Incident gëtt hien eng Ënnerzockerung un, wéinst sengem Diabetes Typ 2, wou hie kuerz net bei sech gewiescht wier. D'Experten haten dëst als Ursaach e Méinden awer schonn ausgeschloss. Wärend den Aussoe vun de Victimmen, déi an den tragesche Virfall verwéckelt waren, dorënner seng Ex-Frëndin a Mamm vu sengem verstuerwene Jong Calvin, an där hirer Frëndin, souwéi duerch d'Auswäertung vum Handy vum Beschëllegten, huet sech e Bild vun de Relatiounen tëscht den Involvéierte gezeechent. Scho méi laang, ier et zum tragesche Virfall komm ass, huet et an der Bezéiung tëscht dem Beschëllegten an deemools nach senger Frëndin gekriselt. Am August 2018 hat si hie verlooss an ass bei hire spéidere Partner, e Kolleeg vum Beschëllegte gezunn. Den Ugeklote wollt dës Trennung awer ni wierklech akzeptéieren. Hien huet senger Ex-Frëndin eng ganz Partie SMSe geschriwwen, och nuets ugeruff an hir e Verlobungsrank an d'Boîte gehäit. Äntwerte krut hie quasi ni. Hie wier awer reegelméisseg einfach esou opgetaucht. Aggressiv wier hien awer ni gewiescht a just mol ausfalend ginn, wann e gedronk hat, sot seng Ex-Partnerin.
Den Dag, wou den Ugekloten ouni Ukënnegung an de Grupp vu Leit gefuer ass, hat hie weder Alkohol nach Droge konsuméiert. Déi spéider Victimmen hate geduecht, hie wéilt si just fäerten doen a géing nach ofbremsen. Sou war et awer net. Kee vun den Zeien hat ausgesot, dass den Auto virun der Kollisioun gebremst gi wier. Dono ass den Ugekloten aus dem Auto geklommen. Seng Ex-Frëndin hätt hien ugejaut: „Wat hues du gemaach. Du hues eise Bouf ëmbruecht." Seng Äntwert: „Dat ass alles deng Schold."
Beim Ugeklote ware wärend dem Prozess net vill Emotiounen ze erkennen. Weder e Méinden, wou d'Detailer vum Virfall duergestallt goufen, nach wou d'Mamm vum Calvin en Donneschdeg ënner Tréinen ausgesot huet. Wou de Riichter him awer seng Situatioun, wéi se méiglecherweis Woche virum Virfall war, rappelléiert huet: "Eng Trennung, déi Dir net wollt unhuelen, d'Hoffnung, dass d'Ex-Frëndin zréckkënnt, Gebuertsdag, Chrëschtdag, Neijoer eleng", du sinn him e puer Tréinen an d'Ae geschoss. En éierlechen "Et deet mer leed" blouf awer nach aus. De Beschëllegten huet éischter ofwiesend gewierkt, a just ëmmer erëm op seng divers kierperlech Leiden higewisen.