Op Invitatioun vum Mëttelstandsministère ass de Ranga Yogeshwar, deen zu Lëtzebuerg grouss ginn ass, op eng Konferenz komm, fir iwwert den Impakt vun der Digitaliséierung op di Kleng- a Mëttelbetriber ze schwätzen.
Zu Lëtzebuerg wei och an anere Länner missten déi sougenannte PMEen sech op di nei digital Welt upassen. Ee vun de Risike wier et ze verpassen op den Zuch opzesprangen esou de Journalist.