
"Et stëmmt, datt déi 54 Flüchtlingsstrukturen am Land strukturell iwwerfëllt sinn", dat soen d'zoustänneg Ministeren Asselborn, Kox a Meisch. Gefrot haten dëst d'CSV-Deputéiert Galles, Eicher, Gloden a Mosar an enger parlamentarescher Fro.
Aktuell ass d'Hallschent vun de Leit, déi an enger vun den ONA-Strukturen ënnerbruecht sinn, eng Persoun, déi och den internationale Statut vum Flüchtling huet (BPI) an och u sech kéint autonom baussent dëser Struktur liewen a wunnen.
Fir d'Situatioun an de Flüchtlingsheemer ze entschäerfen, vun deenen der 26 vun der Caritas an dem Roude Kräiz geréiert ginn, wëll d'Regierung mat de kompetenten Institutiounen an de Gemengen zesummeschaffen - wéi dat soll geschéien, gëtt net gesot.
Et ginn iwwerdeem och nach keng konkret Renseignementer iwwert Pilotprojeten, fir Asyl-Demandeure méi autonom ze maachen.
E Projet iwwert d'Verdeele vu Prepaid-Kaarte gëtt am Fréijoer evaluéiert, en anere Projet, wou d'Leit hir Allocatiounen op eege Konten iwwerwise kréien, gëtt no Ouschteren analyséiert.
Och keng genee Chifferen oder Informatioune liwweren d'Ministeren iwwert Police-Interventiounen déi lescht Méint iwwer an de Flüchtlingsstrukturen - wéi et heescht géif d'Police keng spezifesch Statistiken iwwert Interventiounen an dëse Strukture féieren.
D'Heemer ginn iwwerdeem vun 3 private Gardiennage-Firmen iwwerwaacht, déi fir d'Sécherheet vun den Awunner suergen.
An alle Strukture ginn et och wireless Internet-Verbindungen, sou datt d'schoulflichteg Kanner, déi Leit, déi Asyl froen, oder de Statut hunn, och um Homeschooling kënnen deelhuelen.