IechternachDefekt Luucht um Auto bréngt Police op Spuer vun Abriecher

RTL Lëtzebuerg
D'Ermëttlungen am Fall vun engem Abroch an en Auto e Mëttwoch den Owend waren erfollegräich verlaf.

Um Séi zu Iechternach hat eng Persoun géint 22 Auer eng Posch aus engem Auto geklaut. Dat hat d'Besëtzerin der Police gemellt an eng Plainte deposéiert.

Kuerz drop gouf e Gefier an der Rue du Pont kontrolléiert, well d'Luuchten um Auto futti waren. Ma am Auto huet et no Marihuana geroch, esou datt d'Beamten en Test beim Chauffer gemaach hunn, dee positiv ausgefall ass. Wärend der weiderer Kontroll huet ee Beamten eng Posch gesinn, déi där änlech war, déi knapp eng Stonn virdrun als geklaut gemellt gouf. Wéi déi dräi Persounen dunn och duerchsicht goufen, hunn d'Polizisten zwou geklaute Bankkaarte fonnt, mat deene schonn Transaktioune gemaach goufen.

D'Suen, déi opgehuewe goufen, an och de Rescht vum Inhalt vun der Posch krut d'Affer erëm. Den Auto, deen dem Chauffer gehéiert huet, gouf saiséiert an déi dräi Persoune goufe protokolléiert. Géint de Chauffer koum nach eng Strof wéinst Fueren ënner Drogenafloss dobäi.

Back to Top
CIM LOGO