
Dës Publikatioun sollt hëllefen, regional-landwirtschaftlech Produite besser ze vermaarten. Et geet ëm de Magasinn "Gudd!", deen un all Stéit am Land verdeelt gëtt.
An der leschter Dezember-Editioun vun dëser gratis Publikatioun, déi ëmmerhin 255.000 Mol gedréckt gëtt, ass och eng Publicitéit vun engem groussen Discounter dran, dee sech mat "bëllege Fleeschpräisser" bretzt. Dës Reklamm huet d'Deputéiert Marc Goergen (Piraten) a Chantal Gary (Déi Gréng) op de Plang geruff, wou sech d'Deputéiert ënner anerem froen, ob d'Politik vun enger internationaler Discount-Chaîne och zur lokaler- a Bio-Politik vun der Regierung géif passen a wien esou Annoncë validéiert?