
De ville Reen, deen annoncéiert gouf, bréngt mat sech, dass d'Waasser-Peegelen am Land nees wäerte klammen, och wa se den Ament am Gaange sinn, lues a lues nees erofzegoen.
Zu Stadbriedemes läit de Peegel elo bei 607 cm, zu Réimech bei 508 cm. Wéinst dem ville Reen geet d'Waasserwirtschaftsamt awer dovunner aus, dass de Peegel op der Musel nees dierft klammen.