E Méindeg war jo den Tripartitesaccord ënnerschriwwe ginn, mat deem 536 Plazen ofgebaut ginn an ArcelorMittal sech engagéiert bis 2050 tëscht 165 an 205 Milliounen Euro zu Lëtzebuerg z'investéieren.
Allgemeng sollen d'Lëtzebuerger Sitte méi gréng ginn. Bis 2030 sollen d'CO2-Emissiounen ëm 30% reduzéiert ginn. Fir dat z'erreechen, mussen d'Wierker moderniséiert ginn. Fir de Site Rodange zum Beispill ass elo eng Biogasanlag geplangt.
An Zukunft soll den Uewen zu Rodange zu engem Véierel mat Biogas gehëtzt ginn. Iwwert dee Wee kéinte 4.000 Tonnen CO2 agespuert ginn. Rodange ass dat éischt ArcelorMittal-Wierk, dat esou eng Biogasanlage kritt.
De Choix fir de Pilotprojet ass op Rodange gefall, well dëst Wierk méi kleng ass an och net voll ausgelaascht ass. Als Partner fir d'Realisatioun vun der Biogasanlag sinn Enovos a Luxenergie mat u Bord.
D'Biogasanlag am Arcelor Mittal-Wierk zu Rodange soll 2023 an Betrib goen. Den Käschtepunkt wäert bei ronn 15 Milliounen Euro leien.