Am Alter vu 96 JoerDe renomméierte Lëtzebuerger Historiker Paul Margue ass dout

RTL Lëtzebuerg
De Paul Margue war Geschichtsprofesser, Auteur vun enger Rei Bicher a bal 30 Joer laang Chefredakter vun der Geschichtszäitschrëft Heemecht.
© Screenshot aus Video

Säi Papp war den CSV-Minister Nicolas Margue, deen eenzege Regierungsmember deen et 1940 net mat Zäiten iwwert d'Grenz gepackt huet. Säi Fils ass den Historiker Michel Margue an de gréngen Deputéierte Charles Margue ass säin Neveu. De Brudder vum Verstuerwenen war iwwerdeem de laangjärege Deputéierten a Stater Schäffen Georges Margue.

Back to Top
CIM LOGO