
Bis elo konnt d'Police de Proprietär net ermëttelen an de Safe gouf bis ewell och net mat engem Abroch oder mat engem Déifstall a Verbindung bruecht ginn. Hiweiser oder Informatioune si fir d'Police vu Capellen per Telefon iwwer d'Nummer +352 244-301000 oder per Email un d'Adress: police.capellensteinfort@police.etat.lu.
D'Police huet och eng Lëscht vu Géigestänn publizéiert, déi fonnt goufen a wou de Proprietär gesicht gëtt:
- Schlëssel: Mercedes, Honda, BMW, Peugeot, Mazda, Renault
- GSM: 71 Handyen (vun alle Marken)
-Brëll: 15 Stéck (Cazal, Burberry, The One, Ray-Ban, Acuitis)
-Poschen: Adidas, blo Quechua, Lancel mat diverse Kleeder
-Bijouen: 9 Bijouen (Rank, Ouerréng, Broche)
-Vëloen: roude Minerva Delta 24, Scott, Giant Twist
Fir een elektroneschen Apparat sichen ze goen, brauch een eng Seriennummer oder eng IMEI-Nummer.
Fir weider Informatioune kann een de Service National des Objets Trouvés kontaktéieren op der Nummer 244 244 070 oder per Email: snot@police.etat.lu.