Bis August 14,4 Mrd. Euro RecettenDe Pierre Gramegna mécht de Point iwwer d'Staatsfinanzen

Roy Grotz
Zwou Wochen, ier de Staatsbudget fir 2022 an der Chamber um Krautmaart deponéiert gëtt, huet de Finanzminister de Point gemaach.
© AFP Archivbild

Bis Enn August hat de Staat Recettë vun 14,4 Milliarden Euro, wat ronn e Fënneftel méi ass, wéi am August zejoert. Deem stinn Ausgabe vun 14,5 Milliarden Euro géintiwwer, wat e liichte Minus vun 2 Prozent ass, am Verglach mam leschte Joer.Allgemeng sot de Finanzminister, datt d'ëffentlech Finanzen nees a méi rouege Gewässer wieren.

De Minus fir den Zentralstaat chiffréiert sech am August op 124 Milliounen - zejoert war dat nach e Minus vun 2,9 Milliarden.Global gekuckt, bleift d'Staatsschold stabel bei 17,9 Milliarden, wat ronn 26 Prozent vum PIB entsprécht.

PDF: Tableau mat der budgetärer Situatioun

Back to Top
CIM LOGO