
Konkret geet et ëm de Kaf vu knapp 850 Luxus-Aueren am Wäert vun ëm 18 Milliounen Euro. Dräi an en halleft Joer Prisong, eng Geldstrof vun 250.000 Euro an d’Confiscatioun vu 324 Aueren, dat huet de Parquet e Mettwoch um Schluss vum 5. Prozessdag am sougenannten "Auereprozess" géint de Promoteur Flavio Becca gefrot.
De Sportsinvestisseur kritt d’Verontreie vu Firmegelder a Geldwäsch reprochéiert. Konkret geet et em de Kaf vu knapp 850 Luxus-Aueren am Wäert vu Ronn 18 Milliounen Euro. Tëscht 2004 an 2011 gouf e Groussdeel vun den Aueren iwwer 18 Entreprise vum Flavio Becca kaf. Dës hätten awer näischt mam Objektiv vun de Societéiten ze dinn, esou de Reproche vum Parquet.
Ma well de Flavio Becca bis elo nach ni verurteelt gouf a well d’Faiten iwwer 10 Joer hier sinn, géif de Parquet net déi voll Strof froen, esou de Premier substitut Guy Breistroff a sengem Plädoyer. Vun de 643 Aueren, déi iwwert dem Becca seng Entreprise kaf goufen, géifen 319 net confisquéiert ginn, well dës net am Besëtz vum Flavio Becca sinn, mä der Firma Promobe Finance SPF gehéieren.
De Promoteur hätt sech awer kloer schëlleg gemaach. Hien hätt sech bei sengen Entreprisen zerwéiert, ewéi wann déi säi private Besëtz wieren, esou d’Kritik nach eng Kéier um Stater Gericht. Hien hätt d’Konte vu sengen Entreprisen, ewéi eng privat Bank fir seng Akeef benotzt, mat minimalen Zëns-Sätz a Prêten, déi ni zeréckbezuelt goufen, esou de Premier substitut. Den Ugeklote géif iwwerdeems "Promobe", mat Sëtz zu Hongkong, als Zort Poubelle fir Scholde benotzen. Eng eege “Bad Bank”, ewéi de Premier substitut Guy Breistroff se genannt huet.
D’Geschicht war 2010 duerch eng Denonciatioun vun der Steierverwaltung an d’Rulle komm, well d’Aueren zum Deel als Fraise verbucht gi waren. D'Kategoriséierung vun den Aueren als “Frais Cadeaux” hätten deemools Doutten opgeworf. An d’Comptabiliséiere vun den Aueren als Cadeauen oder als prezis Chargë wier reegelméisseg a Connectioun mat Entreprisen, déi dem Flavio Becca gehéiere, virkomm, huet et e Mëttwoch nach viru Gericht geheescht.
An de Statut vu "Promobe Finances" géif et net zouloossen, laangfristeg an Aueren ze investéieren. Ma et wier dem Becca ni dorëms gaangen, esou eng Entreprise ze schaffen, esou de Me Grasso, dee virdrun e Plädoyer fir d’Zivilpartei Ikodomos gehalen huet.
Mat der Replik vun der Defense vum Promoteur geet de Prozess en Donneschde de Moien op en Enn.
1. Prozessdag fir Promoteur Flavio Becca: Reproche vun Abus de biens sociaux an dem Verontreie vu Firmegelder
2. Prozessdag fir Promoteur Flavio Becca: 37 Luxus-Auere méi kaf wéi ugangs ugeholl
3. Prozessdag fir Promoteur Flavio Becca: Auere goufen als Investissement kaf, esou de Flavio Becca
4. Prozessdag fir Promoteur Flavio Becca: Affekot vum Beschëllegte freet de Fräisproch am "Auereprozess"