
De Gros vun de Leit, deen hei am Land Asyl ufreet, kënnt aus Eritrea an aus Syrien.


Bis elo hunn dëst Joer 570 Leit de Statut vum Refugié zu Lëtzebuerg unerkannt kritt.

144 Leit goufen an hier Heemecht zeréckbruecht, well hier Prozedur um Enn war. Dat ware 45 forcéiert Retouren an 99 fräiwëlleger.
301 Persoun goufen, no den Dublin Reegelen, an dat EU-Land bruecht, wou se fir d'éischt eng Asyl Demande gemaach hunn. Ënnert anerem hunn 78 Leit missten zeréck an Däitschland goen, 72 Leit goufen a Frankräich bruecht an 61 an Italien.