Luxair sträicht VerbindungDe Generaldirekter vun der Luxair, den Adrien Ney am RTL-Interview

RTL Lëtzebuerg
Wéi et am Communiqué vu Luxair heescht, flitt vum 1. Januar 2020 u kee Luxair-Vol méi tëscht Saarbrécken a Berlin.
Zukunft Flugbranche
De Generaldirekter Adrien Ney am RTL-Interview.

3 Flich den Dag, spréch 18 Vollen d'Woch, hunn e groussen organisatoreschen Opwand erfuerdert, sou heescht et am offizielle Schreiwes. Luxair Luxembourg Airlines wier sech der Wichtegkeet vun dëser Connectioun duerchaus bewosst, awer mat Bléck op d'Zukunft kéinte keng nohalteg ekonomesch Resultater erreecht ginn.

Clienten, déi e Fluch tëscht Saarbrécken a Berlin fir den Zäitraum nom 31. Dezember 2019 gebucht hunn, gi vu Luxair kontaktéiert. D'Tickete gi rembourséiert.

Et si schwiereg Zäite fir d'Fluchgesellschaften: de Cargoberäich leeft weltwäit net gutt, d’Kerosinpräisser sinn héich an zukünfteg CO2-Steiere maache Kappzerbrieches , och der Lëtzebuerger Airline Luxair déi weiderhin och ënnert der Konkurrenz vu Bëlleg-Fliger leit. Dem Generaldirekter Adrien Ney no wäert 2019 ee mëttelméissegt Joer gi mat awer dem Liichtbléck Luxair Tours wou et gutt leeft.

Kleng Airlinne kréien et ëmmer méi schwéier fir z'iwwerliewen huet den Adrien Ney confirméiert. An Däitschland huet eng Lufthansa praktesch 70 % vum Marché, dat wier zu Lëtzebuerg natierlech anescht: "Dass Luxair d’Ligne Saarbrécken – Berlin zou mécht wier reng aus Rentablitéitsgrënn, op d ‘Personal hätt dat keen Afloss. Di Verbindung gouf net mat Luxair Fliger geflunn."

PDF: Communiqué vu Luxair (30.10.19)

Back to Top
CIM LOGO