De Lëtzebuerger RechtssystemDe franséische pensionéierte Renaud van Ruymbeke deelt seng Erfarungen

RTL Lëtzebuerg
Urba, Kerviel a Clearstream sinn nëmmen e puer Geriichtsaffären an déi de pensionéierte Riichter Renaud van Ruymbeke involvéiert war.
De Lëtzebuerger Rechtssyssem
Urba, Kerviel an Clearstream sinn nëmmen e puer Geriichtsaffairen an déi den pensionéierten Riichter Renaud van Ruymbeke involveiert war.

Seng Aarbecht huet de Fransous e puer Mol op Lëtzebuerg bruecht. Seng Erfarunge mam Lëtzebuerger Rechtssystem huet hien a sengem neie Buch festgehalen.

Méi wéi 40 Joer huet de pensionéierte Riichter sech mat Gesetzer, Korruptioun a Steieroasen  auserneegesat, dëst haaptsächlech a Frankräich. Duerch d’Clearstream-Affär viru knapp 20 Joer huet de Renaud van Ruymbeke och mam Lëtzebuerger Geriicht zesumme geschafft.

"Je constate qu’il y a une bonne coopération des juges, mais qu’il y a encore un système opaque qui est difficile à percer. Voilà, j’ai cette double vision du Luxembourg qui donne l’image d’un  paradis fiscal, en tout cas d’un pays où on peut cacher ses investissements."

Fir de fréieren Untersuchungsriichter schéngt déi gewëssen Intransparenz vum Lëtzebuerger Rechtssystem awer gewollt.

"Il y a des juges qui font bien leur travail, qui coopèrent très bien, mais il y a encore un système qui génère de la lenteur que j’interprète, à tort ou à raison, comme une volonté du Luxembourg de protéger sa place financière et je pense qu’il y a encore beaucoup d’avoir qui sont gérés au Luxembourg et qui ont des origines douteuses."

Am Allgemengen hätt de Renaud van Ruymbeke awer gutt Erfarungen zu Lëtzebuerg gemaach. Zemools op d'Zesummenaarbecht mat Lëtzebuerger Riichter an Affekote kuckt hie positiv zeréck. A sengem neie Buch "Mémoires d’un juge trop indépendant" erzielt de pensionéierte Riichter weider Geschichte vu sengen Erliefnisser um Geriicht.

Back to Top
CIM LOGO