Politesche RetourDe Félix Eischen gëtt de Poste vum CSV-Generalsekretär ganz of

Roy Grotz
Et war dësen Dënschdeg no 4 Méint de politeschen Retour vum Süd-Deputéierte Félix Eischen um Krautmaart.

Den CSV-Deputé-Maire war zanter Mëtt September wéinst Burn-out an enger Therapie, déi ofgeschloss ass, sou datt de 54 Joer ale Politiker nees an der Chamber un den Debatten a Votten deelhëlt.

Och de Poste vum CSV-Generalsekretär hat de Félix Eischen wärend sengem Traitement ofginn. Et ass iwwerdeem e Posten, deen de Felix Eischen net méi weiderféiert – dat deelt hien an engem Message um Méindeg mat.

PDF Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO