
Zu Beetebuerg gouf eng Persoun blesséiert, wéi an der Lëtzebuerger Strooss zwee Autoen aneneegerannt sinn.
An der Fiels sinn zwee Leit verwonnt ginn, wéi et an hirer Kichen am Millewee gebrannt huet.
Zu Schëffleng sinn an der Avenue de la Libération zwee Cycliste kollidéiert. Ee vun hinne gouf verwonnt.
An zu Rouspert ass en Automobilist an der Rue Neuve an e Bam gerannt a gouf blesséiert.