FindelDe Belag vun de Piste gëtt vun nächstem Fréijoer un nei gemaach

RTL Lëtzebuerg
Et bleift beim Timing, fir de Belag um Findel frësch ze maachen. De grousse Chantier ass tëscht dem Fréijoer d'nächst Joer bis 2023 an Etappe virgesinn.

Wëll d'Erneiere vun der Fluchbunn e ganz komplexe Chantier ass, an och zum Deel musse Marchéen europäesch ausgeschriwwe ginn, war et net méiglech dëse wärend de Kriseméint unzefänken, wou de Fluchverkéier quasi brooch louch.

Dat äntwert de Mobilitéitsminister Bausch dem Piraten-Deputéierten-Duo Goergen a Clement, déi Renseignementer an enger parlamentarescher Fro gefrot haten.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Sven Clement a Marc Goergen

Back to Top
CIM LOGO