PressebriefingD'CSV wëll méi gënschteg, méi séier a méi bauen

Frank Goetz
Fir déi gréisst Oppositiounspartei ass dat d'Grondrezept fir eng Entspanung um Immobiliëmarché.
D'CSV wëll méi gënschteg, méi séier a méi bauen
Fir déi gréisst Oppositiounspartei ass dat d'Grondrezept fir eng Entspanung um Immobiliëmarché.

Fir dat Zil z'erreechen, fuerderen déi chrëschtlech Sozial weider Mesurë beim Pacte logement 2.0 a privat Investisseure solle mat abezu ginn, fir erschwéngleche Wunnraum ze schafen. Fir méi Wunnenge fräi ze kréien, fuerdert d'CSV eng landeswäit Spekulatiounssteier op fräileienden Terrainen a Wunnengen an Haiser.

Méi Sozial- a méi Steiergerechtegkeet, dat erwaart sech d'CSV vun enger nationaler Spekulatiounssteier op Terrainen an Haiser, déi eidel stinn.

Wichteg wär méi a méi séier erschwéngleche Wunnraum ze schafen, hei wär awer kloer, datt de Promoteur public dat eleng net géif packen. Dofir misst de Privatsecteur agebonne ginn, Investisseuren awer och Entreprisen, déi an Zukunft selwer kéinte Wunnenge bauen.

D'CSV wëll de bëllegen Akt vun haut 20.000 op 50.000 Euro hiewen. Den TVA-Fräibetrag beim Kaf vun engem Eegenheem soll vu 50.000 op 100.000 klammen. Beim Immobilie-Verkaf soll de steierlechen Avantage (20% Steier um Gewënn amplaz 40) eréischt no 5 Joer gëllen an net wéi haut schonn no 2 Joer.

D'CSV nennt dat alles pragmatesch Léisungen, respektiv Hëllefen, fir datt de Secteur selwer kann agéieren. Kritiséiert gëtt, datt déi 3 Regierungsparteie sech net eens sinn.

De Gilles Roth

PDF: CSV-Briefing: Pragmatische Lösungen statt grüner Ideologie

Back to Top
CIM LOGO