RIPD'Corinne Molitor ass am Alter vun 52 Joer verscheet

RTL Lëtzebuerg
Ewell um Weekend ass d'Corinne Molitor am Alter vun 52 Joer gestuerwen.
D'Corinne Molitor war den 12. Mäerz 2019 Invitée am Gespréich op RTL Radio Lëtzebuerg.
D'Corinne Molitor war den 12. Mäerz 2019 Invitée am Gespréich op RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Finanz-Expertin war zanter 2 Joer Presidentin vun der ADA, der ONG "Appui au développement autonome", déi weltwäit am Domaine vun der Mikrofinanz aktiv ass an zejoert 25. Anniversaire gefeiert huet. D'Corinne Molitor war och Direktiounsmember vun der Beroder Gesellschaft Innpact.

Ënnert anerem de Wirtschaftsminister huet op de stënterlechen Doud vum Corinne Molitior reagéiert - op Twitter schreift de Franz Fayot, datt hien déif getraff wier iwwert den Doud vun enger Fra, déi sech devouéiert fir d'inklusiv Finanzen agesat huet.

Op dëser Plaz der Famill vum Corinne Molitor eist Bäileed

Back to Top
CIM LOGO