Headhunter beoptraagtD'Caritas ass aktuell op der Sich no engem neien Direkter

RTL Lëtzebuerg
De Philippe Streff verléisst d'sozial-orientéiert Organisatioun no bal 12 Joer, fir nees zeréck an de Privatsecteur schaffen ze goen.

RTL-Informatiounen no, huet d'Caritas en Headhunter dermat beoptraagt, e Successeur um Poste vum Philippe Streff ze fannen.

De laangjäregen Caritas-Direkter, dee virdrun bei ArcelorMittal geschafft huet, fänkt nächste Mount bei sengem neie Patron Paul Würth un, wou hien de Finanzdepartement wäert iwwerhuelen.

Deemno e berufflechen Wiessel aus dem sozialen an humanitäre Beräich eriwwer an d'Industrie.

Wien d'Direktioun vun der Caritas mat hire 4 Ënner-Associatiounen iwwerhëlt ass wéi gesot den Ament net gewosst - dës Sich ass am Gaang.

Presidentin vum Verwaltungsrot vun der Fondatioun Caritas ass d'fréier Familljeministesch Marie-Josée Jacobs.

D'Caritas hei am Land gouf 1932 gegrënnt an ass Member vum weltwäiten Caritas-Reseau, deen 165 Memberen zielt.

Back to Top
CIM LOGO