5,2 Milliounen EuroD'Biertrenger Schlass gëtt verkaaft

RTL Lëtzebuerg
Wéi de "Paperjam" schreift, setzt d'Croix-Rouge dës aussergewéinlech Proprietéit an d'Vente.
D'Biertrenger Schlass gëtt verkaaft
D'Schlass läit jo tëscht Colmer an Ettelbréck. De Verkafspräis gëtt bei 5,2 Milliounen Euro ugesat, et kann ee via Notaire eng Verkafsoffer maachen.

D'Schlass läit jo tëscht Colmer an Ettelbréck. De Verkafspräis gëtt bei 5,2 Milliounen Euro ugesat, et kann ee via Notaire eng Kafoffer maachen.

De ganzen Domaine ronderëm vu 85 Hektar gëtt mat verkaaft, well d'Testament vun der leschter Proprietärin, der Baronin Claudine de Broqueville, déi dem Roude Kräiz d'Proprietéit vermaacht hat, dat sou virgesäit. De Staat war just un Terraine ronderëm intresséiert.

D'Fondatioune vum Schlass stamen aus dem 13. Joerhonnert. Vun 1813 u war d'Famill de Blochausen Proprietär, de Baron Felix de Blochausen, war Lëtzebuerger Premier tëscht 1874 an 1885.

Duerno war d'Schlass am Besëtz vun der belscher Famill de Broqueville bis et 2018 un d'Rout Kräiz goung.

D'Organisatioun hätt d'Mëttel net fir eng Renovatioun an och de Staat wollt hei net asprangen, sou dass dat Ganzt also lo verkaaft gëtt.

LINK: Top Secret - D'Biertrenger Schlass
Verstoppte Plazen - FOTO-Serie (11): Biertrenger Schlass, kulturell Patrimoine aus dem 13. Joerhonnert

Back to Top
CIM LOGO