Zu Lëtzebuerg wier dat nach net de Fall, esou d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert. Et géif een ënnert anerem op d’Autorisatioun vun der europäescher Medikamentenagence waarden, den Ament wier et nach verfréit.
De fréieren US-President Donald Trump ass wuel dee bekanntste Corona-Patient, deen dobäi nach eng ideal medezinesch Betreiung krut, mat Medikamenter, déi den normal Stierflechen zu deem Zäitpunkt guer net konnt kréien. Ënnert anerem krut hien e Cocktail vun Antikierper.
Medikamenter, déi no Wochen och esou lues hire Wee an Europa fannen. Als éischt Land aus der europäescher Unioun huet Däitschland eng grouss Commande bei zwee amerikaneschen Hiersteller gemaach, fir 200.000 Dosissen ze kréien. De Käschtepunkt läit bei 400 Milliounen Euro, deemno 2.000 Euro pro Sprëtz.
Et ass ee Medikament, dat virun allem an der fréier Phas vun enger Infektioun kann agesat ginn, bei Patienten, déi riskéieren, ee schwéiere Verlaf ze hunn. Esou gëtt direkt am Ufank versicht ze verhënneren, datt de Virus sech am Kierper verbreet. Patienten, déi am Spidol sinn a beotemt musse ginn, kënnen esou Medikamenter net méi hëllefen.
Hei am Land ass esou en Asaz vu sougenannte monoklonalen Antikierper net virgesinn - dat schreift d'Santésministesch Paulette Lenert op eng entspriechend urgent Fro vun den CSV-Deputéierte Wiseler an Hansen.