ALEMDag vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem

RTL Lëtzebuerg
Op hirem Informatiounsdag hunn d’Lëtzebuerger Medezinsstudenten e Samschdeg och Piste ginn, fir géint den Doktermanktem am Land virzegoen.
Dag vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem
Op hirem Informatiounsdag hunn d’Lëtzebuerger Medezinsstudenten e Samschdeg och Piste ginn, fir géint den Doktermanktem am Land virzegoen.

Wéi kann ech mech zu Lëtzebuerg néierloossen a wéi eng Spezialisatiounssméiglechkeete ginn hei? Den Undrang bei dëse Workshoppe war e Samschdeg bei de Lëtzebuerger Medezinsstudenten extra grouss. De Wonsch am Land ze schaffen, ass also do.

Besonnesch iwwer d'Spezialisatioune kéint een deem entgéintkommen, fënnt d'Julie Zangarini, Presidentin vun de Lëtzebuerger Medezinsstudenten ALEM. Et ginn 30 Fachausbildungen an der Medezin. Zu Lëtzebuerg kéint een awer just 3 Spezialisatioune maachen: Déi vum Generalist an elo och an der Neurologie an an der Onkologie. Dat géing awer net duergoen, well grad an der Spezialisatiounsphas wären déi jonk Dokteren Ufank bis Mëtt 30 Joer al. Zu deem Zäitpunkt géifen d'Leit dacks iwwer Familljesituatioun a Logement entscheeden. Wär een dann am Ausland, géif e Retour op Lëtzebuerg ëmsou méi schwéier ginn.

Verbessert Aarbechtskonditioune fir Assistenzdoktere wär eng weider Stellschrauf, fir géint den Doktermangel am Land virzegoen. Dat seet d'ALMEVS, d'Gewerkschaft vun den Assistensdokteren zu Lëtzebuerg, déi réischt Enn zejoert gegrënnt gouf. Si wäre Studenten, mä vum Statut hir Independant, awer ofhängeg vum Dokter, bei deem si hir Spezialisatioun maachen. D'Gardë misste bezuelt ginn. No enger Nuetsgarde misst een den Dag drop fräikréien an et misst och garantéiert sinn, datt Assistenzdoktere fir hir Formatioune fräigestallt géife ginn, esou d'Presidentin Diane Hoffelt-Kolbet.

D'ALEM géif et och begréissen, wann e komplette Medezinstudium op der Uni.lu géif ugebuede ginn. Zanter dësem Joer ka jo eng limitéiert Zuel vu Medezinsstudenten hire ganze Bachelor - also déi éischt 3 Joer - hei zu Lëtzebuerg maachen. D'ALEM hofft, datt och de Master an Zukunft wäert ugebuede ginn.

Back to Top
CIM LOGO