
E Chauffer wollt säin Auto, deen laanscht d'Strooss geparkt stoung, hannerzeg an d'Garagenafaart steieren an ass dobäi e bëssen an d'Strooss gefuer. Hien hat e Cyclist, deen deen Ament gefuer koum, iwwersinn an et koum zum Zesummestouss. De Mann um Vëlo gouf iwwert d'Gefier geschleidert a gouf un de Been an un der Schëller blesséiert. Hie koum an d'Spidol.
Bei der spéiderer Kontroll koum eraus, dass d'Pabeiere vum Auto net an der Rei waren. Et gouf protokolléiert.
D'Pompjeeë vu Mensder an Nidderaanwen waren op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanz vu Jonglënster.