
Mir sinn den Ament jo quasi matzen an der grousser Vakanz. Politesch ass dëser Deeg manner lass, och wann eenzel Ministeren an Deputéiert nach op Dossieren den Ament schaffen, sou rouen déi grouss Themen dach éischter.
Politesch Spillercher ginn et trotzdeem, dofir brauch ee sech dëser Deeg just e bëssen déi sozial Netzwierker unzekucken.
Wann eng Ministesch zum Beispill eng Partei mat hirem Slogan vum Summertour op d’Schëpp hëlt, ass dat net iwwerall gäre gesinn.
Wou dréckt de Schong. Esou huet d’CSV-Fraktioun nämlech dëst Joer hire Nolauschter-Programm genannt, mat deem een elo am Juli duerch d’Land ënnerwee ass. E Samschdeg och an der Stad um Knuedler.
Do gouf et och, ënnert anerem, Besuch um Stand, vun der Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen. An déi huet sech de Spaass net huele gelooss, fir e Selfie mam CSV-Slogan ze maachen, an deen, sou-ze-soen, humoristesch ze ergänzen.
Kaaft är Schong bei Chaussures Leon SARL, dann drécken se net.
Dat Ganzt huet d’Ministesch op hirer privater Story op Facebook an Instagram publizéiert. Wuel gemierkt, der Corinne Cahen gehéiert dee Schongbuttek an der Stad, och wann si zanter 6 Joer näischt méi mat der Gerance ze dinn huet, Ministeschposten oblige.
De Konter vun der CSV huet net laang op sech waarde gelooss. Bei de Chrëschtlech-Soziale war een op Facebook iwwerhaapt not amused a stellt souguer d’Befaangenheet vun der Ministesch a Fro.
HEI DRÉCKT DE SCHUNG VUN DER DEONTOLOGIE AWER RICHTEG!
Muss eng Familljeministesch nach Reklamm fir hire Schongbuttek maachen?
Gouf sech also gefrot, iwwert dem Screenshot vun der Madame Cahen hirer Story, fir dass och jidderee versteet, wat gemengt ass. Wat hält dann den CSV-President de Fränk Engel dovun?
Dee seet, dass dat doten, sou wéi d’Madamm Cahen et och am Nachhinein gesot huet, duerchaus ka witzeg sinn. Et ass och keng Katastroph. Ech fannen et awer e bësselchen appart, dass d’Madame Cahen sech niewt hirer Funtkioun als Ministech ëmmer nees ausléisst an hirer Funktioun als... Jo wat eigentlech, Patronne, Ierwin vun engem Schongbuttek? Ech mengen wann ee Politik mécht, da soll een am wesentlechen och Politik maachen.
Net emol Humor hutt der. Schued. Schéi Vakanz, huet d’Corinne Cahen ënnert den CSV-Post kommentéiert.
D’CSV-Deputéiert Nancy Kemp-Arendt warnt souguer an de Comments : eis Madamm Ministesch muss oppassen, dass si net selwer eng Kéier iwwert hiren eegene Schongstréckel fält.
D’Corinne Cahen selwer wollt eis op Nofro hin dat Ganzt net kommentéieren. Humor misst een eben hunn.
Souwisou wier et mol un der Zäit, dass d’Stater Geschäftsleit, d’Traditiounshaiser, vun deenen der ëmmer méi misste zoumaachen, méi ënnert d’Äerm gegraff kréien. Do ass Woueres drun. Op alle Fall: D‘Summerlach-Gepicks tëscht Oppositioun a Majoritéit schéngt eréischt unzelafen...